Who I Am

Gebuer den 31.03.1987
No engem ofgebrachene Studium an enger Zäit an der Aarbechtslosegkeet, hunn ech am Hierscht 2009 e Physikstudium ugefaangen a mech parallel och politesch engagéiert. Prioritéite si bis haut fir mech nach ëmmer d'Perspektive vun den zukünftege Generatiounen, d'Generatiounegerechtegkeet am Allgemengen souwéi d'Biergerbedeelegung an d'Nohaltegkeet.
Déi méi schwéier Momenter vun der Aarbechtslosegkeet, hu mir et erlaabt vill iwwert mech selwer ze léieren. D'Zweiwel vun deemools sinn enger klorer Aschätzung gewach iwwert dat wat ech kann a wat ech net kann.
Déi Äerdung déi ech doduerch erfueren hunn, war essentiell fir meng gesellschaftlech Engagementer, sief als President vum Jugendparlament oder vun de Jonke Sozialisten. An och haut nach dreiwe mech déi Erfarungen un a si Verantwortlech fir d'Ausriichtung vu mengem soziale Kompass als President vun der LSAP Stengefort oder Vize-President vum OGBL Äischdall/Attert.
Berufflech hunn ech no mengem "Master in Condensed Matter Physics" de Staatexame gemaach a schaffen als Professeur stagiaire am Lycée Michel Lucius.
Op ee Bléck
Vergaangen Engagementer
-
Participatioun un europäesche Konferenzen (eng Selektioun)