Calendar

Biergerdialog

"Et geet nëmmen zesummen an éierlech!"

Treff mech!

De Wahlkampf verlagert sech zwar wuel ëmmer méi an d'sozial Medien an trotzdeem geet näischt iwwert d'Aarbecht um Terrain am Dialog mat de Leit. Dofir sinn ech och an den nächste Woche vum Wahlkampf gezielt op de Fester an an de Stroosse vu Grass, Hoen, Klengbetten a Stengefort ënnerwee. 

Am Kalenner hei drënner fannt dir eraus, wéini ech a wou ech unzetreffe sinn. Et besteet doriwwer eraus och ëmmer d'Méiglechkeet e Rendez-vous mat mir auszemaachen (Tél: 661 919 089 oder info@sammywagner.lu), da kommen ech bei iech an der Strooss laanscht a mir schwätzen iwwert eis gemeinsam Iddien fir d'Gemeng Stengefort ze entwéckelen. 

Fro mech, ech stelle mech!