Rieden

Discours / Rieden

Auswahl u Rieden

Nationalfeierdag 2017

Als Vizepresident vun der Entente vun de Veräiner hunn ech all Joer d'Chance um Virowend vun Nationalfeierdag Leit auszezeechnen, déi sech zu Stengefort exemplaresch an der Veräinswelt engagéieren an e wichtege Pilier fir d'gesellschaftlecht Zesummeliewe sinn.

Hei en Auszuch aus menger Ried, wéi en am Reportage vu StengefortNews ze gesinn war. 

Virfeier fir den 1. Mee 2017 @Al Schmelz zu Stengefort 

Dem haarde Klassekampf vun den Aarbechter am leschte Joerhonnert gedenke mir zu Stengefort ëmmer um Virowend vum 1. Mee mat engem Cortège an enger Receptioun.

Hei de flotte Beitrag vu StengefortNews mat engem Auszuch aus menger Ried déi ech a menger Funktioun als President vun der lokaler OGBL Sektioun gehalen hunn.


Virfeier fir den 1. Mee 2016 @Al Schmelz zu Stengefort

Dem haarde Klassekampf vun den Aarbechter am leschte Joerhonnert gedenke mir zu Stengefort ëmmer um Virowend vum 1. Mee mat engem Cortège an enger Receptioun.

 

Am Joer 2016 hu mir ausserdem den 100jähregen Anniversaire vun de fräie Gewerkschafte gefeiert, deem zu Éieren hunn ech mir erlaabt e längeren an ausféierlechen historesche Réckbléck ze maachen. Hei de flotte Beitrag vu StengefortNews mat engem Auszuch aus menger Ried déi ech a menger Funktioun als President vun der lokaler OGBL Sektioun gehalen hunn.

Hearing "Jeunes et emploi" an der Chamber

De 27. Mäerz 2014 huet d'CGJL - d'Conférence Générale de la Jeunesse Luxembourgeoise an der Chamber en Hearing zum Thema "Jeunes et emploi" organiséiert op deem d'Jugendorganisatioune konnten 3-4 Minutten hir Erwaardungen un d'Regierung duerleeën.