Papp – Physiker – Professer – Buergermeeschter

LSAP-Kandidat fir d’Chamberwalen den 8. Oktober –

Gebuer den 31.03.1987

No engem ofgebrachene Studium an enger Zäit an der Aarbechtslosegkeet, hunn ech am Hierscht 2009 e Physikstudium ugefaangen a mech parallel politesch engagéiert. Prioritéite si bis haut fir mech nach ëmmer d’Perspektive vun den zukünftege Generatiounen, d’Generatiounegerechtegkeet am Allgemengen souwéi d’Biergerbedeelegung an d’Nohaltegkeet.

Déi méi schwéier Momenter vun der Aarbechtslosegkeet, hu mir et erlaabt vill iwwert mech selwer ze léieren. D’Zweiwel vun deemools sinn enger klorer Aschätzung gewach iwwert dat wat ech kann a wat ech net kann.

Déi Äerdung déi ech doduerch erfueren hunn, war essentiell fir meng vergaangen gesellschaftlech Engagementer, sief als President vum Jugendparlament oder vun de Jonke Sozialisten. An och haut nach dreiwe mech déi Erfarungen un a si verantwortlech fir d’Ausriichtung vu mengem soziale Kompass als Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort.

Berufflech hunn ech no mengem “Master in Condensed Matter Physics” décidéiert, mech fir de Beruff vum Physiksprofesser ze entscheeden.

 Den 8. Oktober 2023 kandidéieren ech fir d’LSAP am Süde bei de Chamberwalen. Dir fannt mech ënnen op der Lëscht 1.